Mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg wëll de Syvicol eng grouss Commande vun Otemschutzmasken an Optrag ginn.

Ronn 400.000 Stéck sollen an enger éischter Phas bestallt ginn. Dës wieren net fir d'Bierger, mä fir d'Mataarbechter vun den 102 Gemengen, huet de President vum Syvicol, den Emile Eicher, en Dënschdeg no enger Entrevue mat der Stater Buergermeeschtesch betount.

Syvicol wëll Maske bestellen / Rep. Claudia Kollwelter

Et géif ee sech selwer organiséieren, fir déi eege Mataarbechter, mä wat Maske fir d'Bierger ugeet, wier et un der Regierung, fir dës ze besuergen. An Zesummenaarbecht kéinten d'Gemengen d'Masken da verdeelen, huet den Emile Eicher nach betount:

"Nach ass et awer sou, datt a Frankräich och déi Bestellungen zentral iwwert d'Regierung lafen."

Wat eng méiglech Exit-Strategie ugeet, wier et och wichteg, d'Gemenge mat anzebannen. De Syvicol fuerdert, datt, wat d'Schoulen zum Beispill ugeet, d'Gemengen zwou Wochen am Viraus gewuer ginn, wéini dës erëm sollen opgoen, fir fir déi néideg Mesurë kënnen ze suergen.

"Ech denken zum Beispill un d'Schoulen, wann déi uginn, da musse mir mat agebonne ginn. Mir hunn dem Minister zum Beispill gesot, datt mir gär 2 Wochen am Viraus informéiert wieren, fir eis Gebaier erëm top fit ze maachen, och ze desinfizéieren, wann et noutwenneg ass. A virun Allem dofir ze suergen, datt d'Leit sécher op hir Aarbecht kënne goen."

D'Inneministesch Taina Bofferding huet e Mëttwoch de Moie bei eis op der Antenne betount, datt, wann d'Maske Bestanddeel vun der Exit-Strategie ginn, d'Gemengen dës zur Verfügung gestallt kéinte kréien - jee no Disponibilitéit. Der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer no missten nach eng Partie Diskussioune mat der Regierung gefouert a Froe beäntwert ginn:

"Wie wierklech dofir responsabel ass, fir d'Masken engersäits ze kréien an anersäits auszedeelen. An ënnert wéi enge Konditiounen, well et geet effektiv net just drëm engem eng Mask an de Grapp ginn, mä ëm och ze soen, wéi en domat soll ëmgoen. An dofir si mir bereet dat zesummen ze maachen."

E Mëttwoch ass op en Neits eng Reunioun tëscht dem Syvicol an der Inneministesch Taina Bofferding.