All d’Oppositiounsparteien hunn hannerfrot, firwat grouss Geschäfter Produiten däerfe verkafen a kleng Geschäfter net.

1. Chambersessioun am Cercle

1. Chambersessioun am Cercle / Reportage François Aulner

D'Parlament ass jo vum Krautmaart an de Cercle geplënnert, fir déi néideg Sécherheetsdistanz tëscht den Deputéierte kënnen ze respektéieren.

Op der Sitzung huet de Premier virop den Deputéierten nach emol d’Exitstrategie erkläert. En Exit an Etappen - eng éischt Etapp vun 3 Wochen an en Exit ënnert strenge Sécherheetskonditiounen. Donieft e permanente „Monitoring“, well d’Phase kënnen esou gutt méi kuerz ginn, wéi awer och méi laang. Dowéinst weiderhin den Appell, disciplinéiert a solidaresch ze bleiwen.

D'ganz Oppositioun huet dann och hannerfrot, firwat déi kleng Geschäfter net dierfte rëm opmaachen. D'Chamber war jo e Freideg fir d'éischte Kéier am Cercle Cité op der Plëss zesummen an net um Krautmaart. Datt d'Exitstrategie vun der Regierung an Etappe geschitt, gouf am grousse Ganze begréisst, mee d'Parteien haten awer nach eng Rei Froen un d'Regierung.

Fir CSV, ADR, déi Lénk wier et net fair, datt d'Grande-Surfacen d'Produiten dierfe verkafen a kleng Geschäfter net. D'Pirate mengen och, kleng Geschäfter wieren ënner Ëmstänn, a wann Distanzéierung agehale gëtt, manner geféierlech, wéi grouss Geschäfter. De Premier Xavier Bettel huet no den Debaten erkläert, datt grouss Geschäfter op der grénger Wiss sinn a kleng Geschäfter an de Stroossen. „A wa mer wëllen de 'Bleift Doheem' als Prinzip hunn, dann ass et net "géi bei de Coiffeur", "géi akafen", "géi bei de Kiné", "géi bei hien a géi duer'", sou de Premier.

Zil wier nach ëmmer d'sozial Distanzéierung.

Vill Widderstand gouf et an der Chamber och géint d'Iddi vun enger App, also engem Programm um Telefon, déi retracéiere kéint, ob een a Kontakt mat engem Mënsch war, deen de Virus huet. Datt d'Regierung aktuell och géint esou eng Optioun ass, gouf vun der Oppositioun begréisst.

E leschten "Äddi" misst méiglech sinn

D'CSV huet dann awer och gefuerdert, datt Leit, déi doudkrank an aktuell isoléiert sinn, solle vun hire Léifste Besuch kënne kréien. „E leschte perséinlechen Äddi muss méiglech sinn", sou d'Oppositiounspartei, déi eng entspriechend Motioun an der Chamber deposéiert huet.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet erkläert, datt au cas par cas Etablissementer kucken, ob esou Visitte méiglech sinn.

Reaktioune vun de Politiker
.....