D’Corona-Pandemie an d’Precautiounen, déi hu misse geholl ginn, riskéiere bei anere Kranken zu sougenannte Kollateralschied ze féieren.

Zum Beispill bei Leit, déi en Hiereschlag maachen. Zu Lëtzebuerg ginn et der am Schnëtt eng 4 den Dag. Ma zanter dem Lockdown kéime vill manner Betraffener an d’Spidol, haaptsächlech déi uerg Betraffen, konstatéieren d’Neurologen. Och d’Reeducatioun funktionéiert nëmme limitéiert. Dat alles riskéiert, schwéier Konsequenzen op d’Patienten ze hunn.

D’Chantal Keller an den Dr René Metz si besuergt. Den Neurolog, well hie just nach hallef esouvill Patiente mat Hiereschlag am Spidol gesäit, wéi et der eigentlech misste sinn. D’Presidentin vun der Patienten-Associatioun Blëtz, well si vill Betraffener um Telefon huet, déi sech net trauen, an d’Spidol ze goen.

"Et ass awer esou wichteg, dass d’Leit mat Zäit an d’Spidol ginn, direkt den 112 ruffen. Fir hiert Liewen ass et elementar, datt d’Leit direkt an d’Spidol ginn, fir duerno Problemer ze vermeiden.", esou d'Chantal Keller, d'Presidentin vun der Associatioun Blëtz.

Dobäi wär d’prise en charge vun de Patienten elo no der Ëmorganiséierung vun de Spideeler grad esou assuréiert wéi virum Ausbroch vun der Pandemie. Esou den Neurolog aus dem CHL, deen ënnersträicht, d’Leit bräichten net ze fäerten, datt si sech an der Klinik mam Covid-19 ustiechen.

"D’Spideeler hei zu Lëtzebuerg hunn dat ganz professionell gemaach an do sinn d’Patienten, déi Covid+, also ustiechend sinn, ganz kloer getrennt vun den anere Patienten.", esou den Neurolog Dr. René Metz.

D’Chancen, sech vun engem Hiereschlag gutt ze erhuelen, klamme mat enger séierer medezinescher Prise en Charge. Ëmsou méi wichteg wier et, den 112 unzeruffen, soubal ee Symptomer huet wéi Sproochverloscht oder eng Lämung am Kierper spiert.

"Wann een e Schlag mécht, deen huet d’Tendenz, iwwer den éischten an zweeten Dag ze wuessen an e gëtt méi grouss. Wann een an d’Spidol kënnt, kann een dee Schlag esou kleng wéi méiglech halen. An et kann ee souguer duerch verschidde Medikamenter, wann eng Oder am Kapp zum Beispill sech zousetzt, kann een déi nees opmaachen. Mä dat geet awer nëmmen an den éischte Stonnen an do kann een net waarden.", erkläert den Dr. René Metz.

E weidere Problem, wéinst deem d’Chantal Keller vill Uriff kritt, ass d’Reeducatioun. Aktuell wär et komplizéiert, no der Hospitalisatioun e Kiné, en Orthophonist oder och e Psycholog ze fannen. Vill Rehazentere funktionéieren nëmme limitéiert a kënne just akut Fäll stationär unhuelen. Ambulant Reeducatioun ass den Ament nëmme schwéier méiglech.

"Fir d’Patienten ass et awer immens wichteg, dass déi Reeducatioun, déi am Akutspidol net ënnerbrach gëtt an dass déi an enger weidergefouert gëtt. An dat ass natierlech immens wichteg, wéi gutt se duerno recuperéieren.", erzielt nach den Dr. René Metz.

A fäeg sinn nees en autonoomt Liewen ze féieren. Fir kuerzfristeg ze hëllefen, huet Blëtz Videoen online gesat, wéi ee ka Reeducatiounsübunge maachen. Deemnächst kéimen der och fir d’Orthophonie. D’Patienten-Associatioun rifft d’Leit awer och op, de Programm, deen de Kiné opgeschriwwen huet, all Dag ganz gewëssenhaft ze maachen. Den aneren Appell geet un d’Regierung an d’Leit aus dem Gesondheetssecteur.

"Mir sinn elo an enger zweeter Phas vun der Kris an elo muss een nees kucken, dass alles dat nees normal funktionéiert. Dir hutt op der enger Säit, déi, déi de Covid hunn. An hei si Leit, déi en Hiereschlag hunn. An do musse mer kucken, dass hiert Liewen net duerch de Covid op ëmmer schlecht ausleeft. An do geet et einfach drëms, dass Kiné, Orthophonie an och Psychologen, dass dat alles nees funktionéiert.", betount d'Chantal Keller.