© RTL-Grafik
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 2 geklommen ass.
D'Altersmediane läit bei 85 Joer. Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 8 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.558.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 33.798 Tester gemaach. Zanter e Sonndeg waren et der 132 an dovunner waren der 8 positiv.
Aktuell sinn 185 Patienten (+4) hospitaliséiert, 32 (+1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 637 Mënschen (+10) d'Spidol nees verloossen.
Grafik vum Statec
Am meeschte gelies