D'Santésministesch deelt mat, datt déi aktuell Infektiounszuelen et erlaben, fir een Tracing ze maachen.

Dat heescht, fir ze retracéieren, mat wiem e Corona-Patient a Kontakt war. Dësen Tracing gouf jo ganz am Ufank gemaach wéi de Coronavirus zu Lëtzebuerg ausgebrach ass, mä gouf wärend der zweeter Phas wéi d'Zuele vun den Infektioune staark eropgaang sinn, ausgesat.

Wéi et vun der Gesondheetsministesch heescht, wier sou en Tracing nëmme méiglech, wann d'Infektiounen op engem niddregem Niveau bleiwen. Anescht wier dës Herkulesaarbecht net ze meeschteren.

D'Lëtzebuerger Regierung bleift jo ganz skeptesch, wat den Asaz vun enger Tracing-App ugeet.