Cargo-Zenter: System un d'Limitte gestouss
Um Ament, wou d'Mataarbechter vu ville Betriber doheem waarden, nees dierfe schaffen ze goen, hunn d'Ekippen aus dem Cargo-Zenter d'Kopp geschloen.
De "Merci" un déi, déi duergehalen hunn, ass a soll och grouss sinn an awer. Déi lescht Wochen hannerloossen um Findel e batteren Nogeschmaach. Eng vun de Konsequenze vun der Covid-19-Kris ass, datt d'Cargolux mat hiren 30 Fliger Mëtt Mäerz kuerzfristeg d'Aktivitéit héichgefuer huet. Mat Volumme wéi soss ronderëm d'Feierdeeg, Enn des Jores.
Um selwechten Ament huet d'Kris mat sech bruecht, datt 35% vum Personal aus dem Cargo-Zenter net méi disponibel waren. Bedéngt duerch Congé familial, Quarantän, Congé. A well Interim-Aarbechter, déi an den zwee Méint virdrun net an deem Moos gebraucht goufen, net kuerzfristeg mobiliséiert konnte ginn.
E Punkt op deem Gewerkschaften a Personaldelegéiert en Ëmdenke vum Luxair Management verlaangen. D'Fuerderung ass kloer: d'Personal nohalteg opstocken.
De Cargo-Zenter wier ze ofhängeg vu Leit mat prekären, op Dauer limitéierten Aarbechtskontrakter. Beim éischten onerwaarten Evenement géif de Personal-Schlëssel vir an hannen net méi opgoen.
Fakt ass, d'Paletten hu sech opgestaut. Enn Mäerz war d'Situatioun delikat.
Mat der Konsequenz, datt e Client, Qatar Cargo, kuerzfristeg d'Dier um Findel zougeschloe krut. Ëmsaz goung verluer. Dosende Flich hu missen op aner europäesch Flughäfen ëmgeleet ginn, well et am Cargo-Zenter um néidege Personal gefeelt huet. Och eenzel Cargolux-Maschinne waren hei betraff.
D'Regierung huet an der Kris agegraff. Prioritär huet den Transport vu medezineschem Material misse garantéiert bleiwen. Vu Pharma-Produkter bis Masken. Eleng 768 Tonnen u Material fir Lëtzebuerg. Transportéiert vun der Cargolux.
Entreprisë vu baussen: CFL Cargo, den Hafe vu Mäertert, d'WSA, hunn Hand mat ugepaakt. Kuerzfristeg goufen 140 nei Mataarbechter iwwer d'Regierung agestallt.
D'Arméi huet op engem Ament d'Organisatioun an d'Planifikatioun um Terrain, am Cargo-Zenter iwwerholl. Eng Lëtzebuerger Arméi, déi och hei, dank der Erfarung aus vun hirem "Service Logistique", e wichtegen Impuls konnt bréngen.
Schwiereg Wochen um Findel. An enger Kris, wéi et se bis elo nach net gouf. Wou sech den Ament Spannung op logistescher Front e wéineg leet.