Op 3 verschidde Plaze geschitt dëst bis e Samschdeg: zu Käerjeng, Maarnech a Jonglënster.

D'Schoule fänken e Méindeg nees un. D'Schüler vun den Ofschlossklasse si jo déi Éischt, déi nees mussen/dierfen an d'Schoul. Si kruten awer grad, wéi och d'Léierpersonal am Kader vun der grousser Testserie, déi d'Regierung lo duerchzéie wëll, geroden, sech op de Virus testen ze loossen.

An e puer Sekonnen gouf den Ofstréch gemaach. D'Resultat vum Covid-19 Test kritt jidderee bannent 24 Stonnen iwwer eng SMS matgedeelt. Op positiv oder negativ.