"Mir musse weiderhin opmierksam bleiwen!" erënnert d'Unioun vun de Lëtzebuergesche Journalisten um Dag vun der Pressefräiheet.

E Sonndeg war den internationalen Dag vun der Pressefräiheet. D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Journalisten erënnert an deem Kader drun, datt d'Press hei am Land nach ëmmer keen Zougangs-Recht op Informatioun huet.

D'ALJP schwätzt och vun enger restriktiver an zentraliséierter Informatiounspolitik vun der Regierung, déi virun allem elo an der sanitärer Kris géing applizéiert ginn. Dernieft ass Lëtzebuerg dem weltwäiten Index vun der Pressefräiheet no, nëmmen op der 17. Plaz.

D'Organisatioun Reporters sans Frontières beklot déi negativ Auswierkunge vun der COVID-19-Pandemie op d'Pressefräiheet. Regierungen halen Informatiounen iwwer Infektiouns- oder Doudesfäll zréck oder probéieren se ze manipuléieren. A ganz haarde Fäll kënne Journaliste wéinst zouene Grenzen och net an d'Ausland flüchten.

De Régime a China huet virun allem um Ufank vun der Pandemie Journalisten an hir Infoe kontrolléiert, wat verhënnert huet, dass mat Zäiten, och am Ausland, déi richteg Decisiounen hätte kënne geholl ginn. Dat universaalt Recht op Informatioun ass de Pabeier net méi wäert, op deem et steet: souguer d'Weltgesondheetsorganisatioun schléisst zum Beispill Journalisten aus Taiwan aus, fir China net ze trëppelen. De Christophe Deloire vu Reporters sans Frontières:

"Ungarn läit op der Plaz 89 am Index. Am autoritären Orbán-Regime ass den État d'urgence Dauerzoustand, zanter en 2015 wéinst der imaginärer Gefor duerch Flüchtlingen ausgeruff gouf."

Vill Froe bleiwen op

Elo gouf en am Parlament zu Budapest nach emol am Kontext COVID-19 deklaréiert, souguer ouni zäitlech Limitt. Wéi laang soll en daueren? Just fir d'Pandemie? Oder och nach fir d'Wirtschaftskris hannendru mat? Wéi laang an deem Fall? Ass en dann un de PIB gekoppelt?

Den État d'urgence ass näischt anescht wéi e politesche Konstrukt. E Bausteen am Gebai vun der alternativer Realitéit, déi de Regime vu Konspiratiounstheoretiker ronderëm den Orban sech opgebaut huet. Dozou gehéieren d'Gesetzer, déi ee sech ginn huet géint déi onofhängeg a fräi Medien am Land.

Iwwer Skype sot eis de Péter Erdélyi, onofhängege Journalist zu Budapest, dat hei:

"Et ass komplizéiert... Et ka benotzt ginn, fir Journalisten anzeschüchteren, zum Beispill déi onofhängeg Chefredakter a Reporter an Ungarn. Ech menge net, dass Leit wäerte festgeholl ginn duerch dat Gesetz. Ech mengen, dat ass net d'Zil. Mee dir kënnt Leit aschüchteren, ouni se festzehuelen."

Resultat dovun wier d'Selbstzensur, deemno nach méi verzerrte Wourecht, wéi d'Welt se net brauch, scho guer net an de schwieregen Ëmstänn vun der aktueller Kris. An Ungarn sinn et och dacks d'Sympathisante vun de Rietsnationalisten, déi sech d'Missioun ginn hunn, d'Press ze kontrolléieren, net de Regime selwer.

"Virun annerhallwem Joer hate mer eng Menace an enger E-Mail de Mount. Viru 6 Méint hate mer der vläicht 3 de Mount. Elo hu mer eng Menace all drëtten oder véierten Dag. Mir gesinn, dass et zouhëlt mat Menacen. Bis ewell – gottseidank – näischt Physesches. Et ass nach keen op de Büro komm oder huet ons an d'Ae gekuckt bei Menacen", sou de Péter Erdélyi.

De groussen Deel vun den Attacken, den alternative Fakten an de "fake news" awer gëtt iwwer Internet verbreet – extreem séier a virun allem extreem onkontrolléiert. Dobäi zitt een Acteur all kéiers säi Notzen draus.