Wéinst der Pandemie gi jo vill Aktivitéiten ofgesot, och déi grouss Fréijoersbotz, déi all Joers a ville Gemengen organiséiert gëtt.

Déi Jonk vum Mountainbike-Downhill-Club vu Reckeng op der Mess, déi de Moment hire Sport net kënne maachen, koumen awer op d'Iddi, sech fir d'Ëmwelt anzesetzen a si gi fräiwëlleg Dreck asammelen.

Scho virun e puer Deeg ware si zu enger hallwer Dosen ënnerwee. Well no där Aktioun awer nach ëmmer net alles vu Knascht opgeraf war, gounge si e Freideg nach eemol lass.

90 Minutte waren déi jonk Leit duerch hir Uertschaft an d'Alentouren ënnerwee. Duerno gouf dee ganze Knascht beim Gemengen-Depot ofgestallt.