Dat sot den Educatiounsminister en Dënschdeg an der Chamber am Kader vun enger Question élargie vum CSV-Deputéierte Marco Schank zu deem Thema.

De Claude Meisch huet dann och nach annoncéiert, datt d'nächst Schouljoer eng Decharge kéim fir Enseignanten, déi sech an enger Kommissioun fir d'Suicide-Preventioun engagéieren.

Suicide-Zuelen Lëtzebuerg / Reportage Eric Ewald

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert sot sech erschreckt iwwert d'Zuelen, mat zum Beispill 70 bis 80 geschate Selbstmorde pro Joer am Grand-Duché:

„An dann, wat nach méi erschreckend ass, wa mer den Taux kucke vun de Suicideversich: Dat sinn der 10 bis 20 Mol méi nach wéi déi, déi dann och reusséieren. Dat heescht ganz vill Leit, déi trotzdeem awer op iergendeng Aart a Weis nach probéieren, ëm Hëllef ze ruffen an net gehéiert ginn, oder net mat Zäite gehéiert ginn, oder vläicht awer mat Zäite gehéiert ginn. D'Doudesfäll duerch Suicide vun deenen ënner 26-Jäerege maachen insgesamt 7,33% aus vun der ganzer Zuel, an dat, wat opfält, ass, dass déi ganz grouss Majoritéit dovun am Alter tëscht 20 a 24 Joer läit“ Et bräicht een eng cibléiert Preventioun fir déi Period vum Liewen, an där d'Leit hir Orientatioun sichen an eventuell net fannen, sou d'Ministesch, déi och d'Waardezäite fir d'psychologesch Prise en charge vun Iwwerliewenden, déi bei bis zu 3 Méint läit, erofschrauwe wëll.