De Pelerinage bei d'Muttergottes vu Fatima op Wolz fält jo dëst Joer aus.

D'Police erënnert drun, datt déi Leit, déi sech awer op de Wee op Wolz maachen, sech mussen un d'Corona-Mesuren halen.

Dat heescht zu maximal 20 Persounen däerf ee sech dobaussen am ëffentleche Raum versammelen, awer net doheem am Gaart. Wann ee keng 2 Meter Ofstand kann halen, muss een e Mask undoen.

D'Police wäert och verstäerkt en Donneschdeg Kontrolle maachen. Gëtt sech net un d'Restriktioune gehalen, muss een eng Strof vun 145 Euro bezuelen.