Géint 18.45 Auer en Donneschdeg dem Owend, ass de Beamte vun der Police an der rue de Mersch zu Keespelt d'Fuerweis vum Chauffeur opgefall.

Wéi de Mann um Steier kontrolléiert gouf, ass direkt festgestallt ginn, dass hien alkoholiséiert warn.

E 7 Joer aalt Kand, dat hannen um Sëtz souz, hat weder e Kannersëtz, nach war et ugestréckt.

Dobäi koum, dass d'Gefier och net richteg ugemellt war. De Mann gouf protokolléiert, ma well hien ënnert 1,2‰ am Blutt hat, gouf e Permis net agezunn.