Fir dat ze beschwätzen, hu sech d'Gewerkschafte mam zoustännege Minister getraff a verschidde Fuerderunge gestallt.

Den OGBL, den LCGB an NGL-Snep haten dann eng Entrevue mam Mobilitéitsminister François Bausch fir iwwert d’Zukunft am Lëtzebuerger Aviatiouns-Secteur ze schwätzen, dee riskéiert, nohalteg ënnert de Suitte vun der sanitärer Kris ze leiden.

D’Syndikater hu koordinéiert Sécherheetsmesurë gefuerdert, souwuel um Fluchhafen, wéi och an de Fligeren, grad wéi fräiwëllege Covid-Test-Méiglechkeete fir déi betraffe Salariéen.

Et gëtt och en Aarbechtsgrupp gefrot, iwwert déi zukünfteg strateegesch Ausriichtung vun der Luxair, souwuel vun der Airline, vu LuxairTours wéi och am Cargo-Beräich, wou d’Syndikater wéi d’Personal-Vertrieder solle matagebonne ginn.