E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, onverännert bei 109 bleift.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 1 positiv geteste Patient. Dat sinn der elo am Ganzen 3.981. Vun den Infizéierte sinn der 3.219 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 109 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 55 Prozent si Männer a 45 Prozent si Fraen. 65 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 65.724 Tester gemaach. Vun en Donneschdeg op e Freideg ass dat eng Hausse vun 743 Tester, vun deene wéi gesot 1 positiv war.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 124 aktiv Infektioune ginn an 3.748 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 51 (-11) Patienten hospitaliséiert, 5 (-1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 910 (+4) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

De Reproduktiounstaux läit bei 0,997. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.