Beim Accident gouf de Cyclist liicht verwonnt. D'Police sicht elo no den Automobilisten, déi de Virgang gesinn haten a gehollef haten.

Géint 14.30 Auer hat de 15. Abrëll en Automobilist an der Rue Principale zu Mäerzeg e Cyclist iwwerholl. Aus bis ewell nach net gekläerte Grënn krute sech béid Gefierer bei dësem Virgang ze paken an de Cyclist gouf liicht blesséiert.

Fir weider Detailer zum Accident ze kréien, sicht d'Police elo no deene Chaufferen, déi hannert dem Accident waren respektiv no deenen, déi zu deem Ament entgéint koumen. De Chauffer vun der Camionnette gouf schonn ermëttelt.

Déi betraffe Leit solle sech bei der Police Turelbaach um Telefon 24485-1000 oder via mail un police.turelbaach@police.etat.lu mellen.