De CGDIS mellt 3 Accidenter, bei deenen am Ganze 5 Persoune blesséiert goufen.

Zu Käerjeng op der Avenue de Luxembourg ass um 15:02 en Auto op engem Chantier accidentéiert, dobäi gouf eng Persoun blesséiert.

Zu Schuller op der Lonkecher Strooss sinn um 16:01 2 Autoen anenee gerannt, 2 Persoune goufe blesséiert.

Zu Bouneweg an der rue du Cimetière sinn um 16:44 e Bus an den Auto net laanschtenee komm, och hei goufen 2 Persoune blesséiert.

Um 10:47 huet iwwerdeems zu Munneref an den Thermalbieder eng Fassade gebrannt, hei ass kengem eppes geschitt.