En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 110 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 2 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.995. Vun den Infizéierte sinn der 3.233 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 55 Prozent si Männer a 45 Prozent si Fraen. 65 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 68.829 Tester gemaach. Vun e Méindeg op en Dënschdeg ass dat eng Hausse vun 722 Tester, vun deene wéi gesot 2 positiv waren.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 102 aktiv Infektioune ginn an 3.783 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 44 (+3) Patienten hospitaliséiert, 5 (+1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 916 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

De Reproduktiounstaux läit bei 0,997. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.