No hirem Mandat vun 2 Joer geet d'Presidence vum Ines Kurschat, Journalistin am Land, eriwwer op den aktuelle Generaldirekter vum Grupp Editpress.

Dës Nominatioun gouf en Dënschdeg an den Assemblée vum Presserot gutt geheescht. "En alternance" wiesselt de Poste vum President tëscht Editeuren a Journalisten.

De Jean-Lou Siweck ass zanter Juni 2018 Generaldirekter vun Editpress a Chefredakter vum Tageblatt. Vun 2013 bis 2017 war hie Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort, bis et zu Meenungsverschiddenheete mam Verwaltungsrot iwwert d'editorial Ligne koum. Enn den 90er an Ugangs den 2000er Joren huet de Jean-Lou Siweck als Journalist bei der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land geschafft. Dotëscht war hie wirtschaftleche Beroder vum fréiere Premierminister Jean-Claude Juncker.

Nei Vizepresidenten sinn d'Journalistin Melodie Hansen vum Tageblatt an de Paul Peckels, Generaldirekter vum Grupp St-Paul. An der Successioun vum ALJP-Member Roger Infalt gëtt d'Ines Kurschat nei Generalsekretärin vum Conseil de Presse.

De Conseil vum Presserot setzt sech paritéitesch aus Editeuren a Journalisten zesummen. Dëse Gremium baséiert op e Gesetz aus dem Joer 1979, dat de professionellen Titel vum Journalist unerkennt a protegéiert. An der Haaptsaach ass de Conseil kompetent, fir eng Journalistekaart auszestellen, oder dës zeréck ze zéien, grad wéi d'Formatiounen fir jonk Journalisten z'offréieren.

Dëst Joer stinn iwwerdeem nach d'Reform vun der Pressehëllef respektiv och d'politesch Debatt iwwert d'Gouvernance vun de Medien aus, déi e Service public leeschten.