En Dënschdeg an der Chamber krut den entspriechende Gesetztext vum Gros vun de Parteien Zoustëmmung. Eenzeg d'ADR stëmmt den Text net mat.

D'Gesetz géif d'Lëtzebuerger Bierger gutt protegéieren, huet och d'CSV gelueft. D'Oppositiounspartei kritiséiert awer op en Neits d'Kommunikatioun vun der Regierung a virun allem deene Gréngen.

Ugefaangen awer mat engem schreckleche Gedanken. Engem Horrorzeenario, vun deem jiddereen hofft, dass en ni Realitéit gëtt: zu Kettenuewen am Atomkraaftwierk geschitt en Accident. De Schued fir d'Lëtzebuerger Bierger wär enorm, vun dausende Milliarden Euro war rieds, ma bis elo gouf et keng legal Basis, wéi si kéinten entschiedegt ginn. Elo kritt de Grand-Duché eng legal Basis fir de Fall vun engem Accident an enger Atomzentral oder soss engem nuklearen Tëschefall.

Atom-Gesetz / Rep. Pierre Jans

Am Fall vun engem Atomaccident, deen en Impakt op Lëtzebuerg huet, wäert et an Zukunft méiglech sinn, viru Lëtzebuerger Geriichter ze kloen. Dat gëllt fir Schued u Leit, Gidder an Ëmwelt um Lëtzebuerger Territoire. En Affer muss kee Feeler vum Exploitant viru Geriicht noweisen. Et kann een op Schuedenersatz a voller Héicht kloen. D'Gesetz berécksiichtegt och laangfristeg negativ Effekter. Et gëtt nämlech eng Verjärungsfrist vun 30 Joer.

François Benoy, déi Gréng: ''Mat dësem Gesetz wäert et an Zukunft méiglech sinn, viru Lëtzebuerger Geriichter ze kloen, Schued u Leit, Gidder an Ëmwelt um Lëtzebuerger Territoire ze kloen, kee Feeler vum Exploitant viru Geriicht mussen ze beweisen, op Schuedenersatz a voller Héicht kënnen ze kloen, laangfristeg negativ Effekter berécksiichtegen, dank der Verjärungsfrist vun 30 Joer.''

Et ginn zwar eng Rei Texter, ewéi d'Paräisser an d'Bréisseler Konventioun, déi Entschiedegunge fir d'Affer vun esou enger Katastroph garantéieren. Hei läit allerdéngs de maximal Chiffer bei nëmme 700 Millioune bis zukünfteg zum Deel 1,5 Milliarden Euro. Am Verglach zu deem, wat effektiv wärend enger Katastroph misst investéiert ginn.

François Benoy, déi Gréng: „Déi schlëmmst méiglech Zenarioe ginn dovun aus, datt sech bei engem Atomaccident a Frankräich déi finanziell Laascht op 5.800 Milliarden Euro beleeft. Dës Zuele goufen 2007 vum franséische Radio-Protektiouns Institute gerechent."

Dëst Gesetz géif d'Rechter vum Lëtzebuerger Bierger stäerken, esou de breede Konsens en Dënschdeg an der Chamber. Déi international Konventiounen uganks de 60er Jore wäre vereelzt a géifen éischter d'Exploitantë vun Atomzentrale protegéieren. D'Indemnisatioune fir d'Affer wären do nämlech niddreg plafonéiert. An dësem Gesetz si se illimitéiert.

François Benoy, déi Gréng: ''D'Atom-Lobby muss elo mat eis rechnen an dat am duebele Sënn vum Wuert.''

D'Mesure wier ënnert anerem och e finanziellt Drockmëttel, fir datt Bedreiwer op de Lëtzebuerger Grenzen et sech 2 mol iwwerleeën, ob se e Site méi laang nach um Netz wëlle loossen.

Luef a Kritik vun der Oppositioun

Vun der Oppositioun koum zum Deel Luef.

Gilles Roth, CSV: „Mir ginn och hei net den Accord zu engem Gesetz dat einfach just e Gesetz ass. Et ass e Gesetz, wat politesch fir eist Land weeweisend ass. Dat soll ee kloer soen. Ech soen et och als Oppositiounspartei, well mir ginn nämlech hei a Saachen Atomhaftung e ganz neie Wee."

De Gilles Roth huet der Regierung fir dëst Gesetz gratuléiert an argumentéiert och am Sënn vum Artikel, deen eng Frist vun 30 Joer virgesäit:

''Wann ech eng Krankheet hunn, eng schläichend Krankheet, sief dat Kriibs oder soss Leiden, dat sech eréischt Joren no mengem Kontakt mat der Atomzentral manifestéiert, kann ech dat nach manifestéieren."

D'ADR huet géint de Projet de loi gestëmmt. D'Gesetz géif d'Strooss op juristeschem Plang net halen, seet de Fernand Kartheiser. Seng Partei géif d'Konventioune ratifizéieren an da probéieren, se ze verbesseren.

Fernand Kartheiser, ADR: „Déi Gréng wëllen hei eng Diskriminatioun schafen. Well de franséische Staat wär dann an enger Situatioun, wou e seng eege Leit méi schlecht misst behandelen, ewéi Leit, déi Lëtzebuerg e Geriichtsurteel kënne produzéieren. Et ass komplett onrealistesch."

Och vun der CSV goufen et net nëmme Kamellen. D'Oppositiounspartei reprochéiert der Regierung an do virun allem deene Grénge Schäinhellegkeet: no bausse géifen si sech ëmmer als effikass Atomgéigner duerstellen, ma den Undeel vun der Atomenergie am Lëtzebuerger Energiemix wär trotz grénger Regierungsbedeelegung net erofgaangen. Dee läit nach ëmmer bei 10 Prozent.

Den Energieminister Claude Turmes huet a senger Interventioun du betount, dass dësen Undeel vu Betriber consomméiert géif ginn. Et wär gesetzlech festgehale ginn, dass Entreprisë fräi wielen dierften, wéi ee Stroum si akafen.

Reaktioun Greenpeace

Greenpeace begréisst déi nei legal Basis am Fall vun engem nuklearen Accident. Zanter der Atomkatastrophe zu Fukushima virun 9 Joer hätt Greenpeace vu méi Regierungen esou e Gesetz gefrot, well international Konventiounen net d'Affer mä d'Bedreiwer vun den Atomzentralen schütze géifen. D'Ëmweltorganisatioun fuerdert d'Regierung och dozou op, weider Mesurë géint d'Verlängerunge vun de Lafzäite vun den Atomreakteren an eisen Nopeschlänner ze huelen a sech och géint de Stockage vu radioaktivem Offall an der belscher Grenzregioun ze wieren.