Verschidde Corona-Fäll hunn e schwéiere Verlaf a landen op der Intensivstatioun, wéi gesäit hire Wee vun der Reeducatioun aus?

An der Diskussioun ronderëm de Coronavirus sinn et déi Zuelen, déi Hoffnung maachen: d'Leit, déi als geheelt gëllen, déi de Covid-19 iwwerstanen hunn. Ma d'Zuelen erzielen dacks just déi hallef Geschicht: Fir déi Leit, déi e schwéiere Verlaf vun der Krankheet haten an op der Intensivstatioun louchen, ass et och nodeems se aus dem Spidol entlooss goufen e laange Wee, dee se viru sech hunn. Am Rehazenter goufe fir dës Post-Covid-Patienten 30 Better zur Verfügung gestallt, an e Reeducatiounsprogramm ausgeschafft, dee spezifesch op hir Besoinen ausgeriicht ass. Mir hu mat engem Betraffene geschwat.

Interview mam Jim Knaff
De Jim Knaff louch 3 Wochen am Koma, nodeems hien de 24. Mäerz a sengem Atelier zesummegaangen ass.

2 Méint ass et mëttlerweil hier: de 24. Mäerz klappt de Jim Knaff doheem a sengem Atelier einfach zesummen. Groussaarteg Symptomer huet hien am Virfeld keng bemierkt, ma wéi an der Ambulanz seng Wäerter gemooss ginn, ass séier kloer, dass se den 63 Joer ale Mann musse mat an d'Spidol huelen. De Jim muss intubéiert ginn a läit 3 Woche laang am Koma. Haut, 2 Méint nodeems hien an d'Spidol ageliwwert gouf, ass hien um Wee vun der Besserung, ma déi 3 Woche Koma hu Spueren hannerlooss. Mëttlerweil ass hien am Rehazenter an hëlt um pluridisziplinäre Reeducatiounsprogramm deel, deen speziell fir d'Besoine vu Post-Covid-Patienten ausgeschafft gouf, déi länger Zäit op der Intensivstatioun verbruecht hunn.