Si ware Kanner, wéi den zweete Weltkrich ugefaangen huet an hu wärend hirer Jugend dës schlëmm Kris duerchgestanen.

Elo am héijen Alter vun 91 Joer erliewe se déi sanitär Kris. D’Elsy Felten an d’Henriette Krieps-Cloos hunn eis erzielt, wéi si dës Zäit erlieft hunn.

D’Elsy Felten huet nach gutt Souveniren un d’Zäit am Krich. Am Alter vun 10 Joer huet si mat hirer Famill misste fort vun doheem. Flüchte virum Krich. Si fënnt däitlech Wierder, fir béid Krise mateneen ze vergläichen.

"Am Krich war et schlëmm, d’Schéissen, d’Bommen, dat Geschier an dat hues de alles gesinn. Dat hei ass en onheemleche Krich. Dee gesäis de net, du héiers en net an dat ass, wat fir mech schlëmm ass. Eng Gefor, déi s de gesäis, ass keng Gefor, do kanns de dech wieren, do kanns de kucken, mä eppes wéi hei, do bass de machtlos."

D’Henriette Krieps-Cloos ass 1929 gebuer a bei Ettelbréck opgewuess. Am Wanter 1944/45 huet hir Famill an der Ardennenoffensiv e Schicksalsschlag erlieft.

"Mir waren an der Rundstedt-Offensiv an eist Haus ass ganz futtigaangen. Mäi Papp war Bäcker a konnt dräi Méint net schaffen. Mir waren eng Famill vu 4 Kanner. Dat war och eng Kris, verstitt der, wann der 3 Méint net schafft, a mir waren zu zwee Kanner op der Schoul. Also dat ass och eng Kris. A wann der haut bedenkt, d’Geschäftsleit déi reklaméieren: "Mir mussen Hëllef kréien, mir mussen Hëllef kréien", mäi Papp krut keng. Déi dräi Méint hu mer missten iwwerliewen an en huet missten doriwwer ewechkommen. A mir haten déi Zäit keng Pensioun a keng Krankekeess, näischt."