Den OGBL fuerdert Unerkennung a Respekt, fir déi 4.000 Salariéen, déi zu Lëtzebuerg am Secteur vum Gardiennage schaffen.

Dofir hat d'Gewerkschaft op e Protestpiquet geruff.

D'Aarbechtskonditioune vun deene Leit wiere schonn an normalen Zäiten net gutt, elo an der Kris hätte se un der Front geschafft.

Si wiere gefrot ginn, de Leit d'Féiwer ze moossen, dofir ze suergen, datt de Social Distancing agehale gëtt an datt d'Leit hir Mask undinn. Zënter dem Ufank vun der Kris hätte si awer nach kee Merci kritt, esou d'Michelle Cloos vum onofhängege Gewerkschaftsbond.

D'Michelle Cloos

"Mir hu bei der Fedil security Services, der Federatioun, déi d'Employeuren aus dem Secteur vum Gardiennage regroupéiert, gefrot, datt d'Leit eng Primm als Merci kréien. Mir hu mol keng offiziell Äntwert kritt, d'Employeuren hunn déi Demande awer ofgewisen. Mir hunn allerdéngs net wëlles, eis ze ginn an dofir si mer hei."

De Gardiennage ass am Ufank vun der Kris, zu den essentiellen Aktivitéite gezielt ginn, esou d'Michelle Cloos. Elo wéilt ee wëssen, firwat d'Paie vun de Leit net och essentiell wieren. Déi géifen nämlech "en fin de Carrière" bei 2.721 Euro leien.