E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 110 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 2 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.018. Vun den Infizéierte sinn der 3.248 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 75.432 Tester gemaach. Vun e Samschdeg op e Sonndeg ass dat eng Hausse vun  1.066 Tester, vun deene wéi gesot 2 positiv waren. Duerch de Large-Scale-Testing, deen e Mëttwoch offiziell ugefaangen huet, ass d'Zuel vun den Tester esou däitlech an d'Luucht gaangen.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 75 aktiv Infektioune ginn an 3.833 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 33 (+1) Patienten hospitaliséiert, 3 (-1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 925 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,790. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.