Kuerz viru 14 Auer war e Motocyclist tëscht Munneref an Éimereng gefall an hat sech wéigedoen. Hei war och de Samu aus dem Zentrum op der Plaz.

Zu Esch an der Kanalstrooss waren um 14.40 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert.

Puer Minutte virdrun dee selwechten Zenario op der Streck tëscht Wallenduerfer-Bréck an Wallenduerf.

Um 16 Auer waren direkt 5 Autoen an en Accident um Kierchbierg an der Avenue John F. Kennedy verwéckelt. Hei goufen 3 Persoune verwonnt.