An der Santéskommissioun ass um Dënschdeg de Moien iwwert de weidere Verlaf vun de Gesetzer am Kader vun der Covid-Pandemie diskutéiert ginn.

Chamberkommissioun vun der Santé / Reportage Monica Camposeo

Obwuel sech d'Parteien eens sinn, dass et wichteg ass, Covid-19-Gesetzer fir d'Zäit nom Etat de crise auszeschaffen, ass awer nach vill Gespréichsbedarf. An der Santéskommissioun ass et dowéinst en Dënschdeg de Moien nëmmen iwwert ee Gesetzesentworf gaangen, an zwar fir déi aktuell sanitär Reegele vum Etat de crise an e Gesetz afléissen ze loossen. Eigentlech stoung nach en Text iwwert d'Reguléierung vun den ekonomeschen Aktivitéiten um Ordre du jour, ma scho bei dësem éischte Gesetz, deen d'Covid-19-Moossname fir d'Privatpersoune reegele soll, sinn eng ganz Partie Froen opkomm. Zum Beispill wat d'Opmaache vun de Spillplazen ugeet.

Et soll e Gesetzestext entstoen, deen och nom Etat de crise koherent a juristesch komplett ass. Dowéinst wier et elo un der Zäit, aktuell Moossnamen ze hannerfroen oder ze revidéieren, ier de Gesetzestext an der Chamber ofgestëmmt gëtt. Ee Beispill ass d'Fro vun de Spillplazen, erkläert d'Josée Lorsché vun déi gréng:

„Opgrond vun der Ouverture vun de Schoule gëtt gekuckt, wéi et elo weidergeet bei de Kanner mat den Infektiounen. An op dëser Basis kann decidéiert ginn, fir d’Spillplazen nees opzemaachen.“

Fir d'Oppositioun ass et net novollzéibar, dass d'Spillplazen nach ëmmer zou sinn. De Claude Wiseler, CSV-Deputéierten, an de Marc Baum vun Déi Lénk dozou:

„Mir sinn der Meenung, dass wann d’Kanner an der Schoul zesumme sinn, da solle se och kënnen zesummen op d’Spillplaz goen. Et gesäit een d’Kanner an de Parke spillen, mee si dierfen net op d’Spillplaz goen, dat schéngt eis net sënnvoll.“

„Dass d’Spillplazen zou sinn ass eng komplett Absurditéit, déi dohier kënnt, dass den Enseignement d’Schoulorganisatioun fundamental schlecht organiséiert huet. A soulaang dat esou ass, gëtt et och eng Obligatioun vun der Regierung fir d’Spillplazen zouzeloossen.“

Grondsätzlech weise sech d'Deputéiert awer zefridde mat den Diskussiounen. Et wier wichteg, dass d'Chamber de Pouvoir nees zeréck kritt an déi nächst Schrëtt net méi iwwer Reglementer, mee iwwer Gesetzer duerchgesat ginn. Och d'Strofbestëmmunge ginn adaptéiert, esou de Mars di Bartolomeo, Kommissiounspresident vun der LSAP:

„De Gros vun den Texter, déi mir virleien hunn, setzen op déi eege Verantwortung. Elo kann ee sech froen, ob dat duer geet. Mee ech mengen, dass d’Leit mëndeg genuch sinn, fir ze wëssen, dass wa si ze vill liichtfankeg mat deem Virus ëmginn, da gefäerde si sech an déi ronderëm sech.“

Et wier ee sech bewosst, dass sech d'Situatioun séier ka veränneren. Dowéinst sollen d'Gesetzer, déi elo ausgeschafft ginn, fir ee Mount gëllen. Dat soll d'Méiglechkeet bidden, d'Texter, wann néideg, ëmmer kënnen unzepassen. Et wier wichteg vum 24. Juni un e legale Kader ze hunn. fir d'Bevëlkerung kënnen ze protegéieren am Aklang mat den individuelle Fräiheeten, déi an der Constitutioun verankert sinn, esou d'DP-Deputéierten Carole Hartmann:

„Dat ass un éischter Stell d’Aarbecht vun eis Deputéierten. An et sinn och vill juristesch Froe gestallt ginn. An déi perséinlech Fräiheeten, déi an der Constitutioun verankert sinn, sollen natierlech och respektéiert ginn.“

Fir besonnesch dësen Aspekt ze diskutéieren, ass e Mëttwoch eng Commission jointe mat der Justizkommissioun virgesinn.