Um Dënschdeg de Moie géint 7 Auer sinn um Boulevard Raiffeisen direkt 2 Persoune vun engem Auto ugestouss ginn. Béid goufe liicht blesséiert.

So koume mat zwou Ambulanzen aus der Stad an d'Spidol.

Géint 10.15 Auer sinn zu Bartreng an der rue du Puits Romain zwee Autoen aneneegerannt. Bei dësem Accident gouf 1 Persoun liicht verwonnt. D'Pompjeeë vu Bartreng an aus der Stad, grad ewéi d'Ambulanz vu Mamer waren op der Plaz.