D'Gewerkschaft verweist op eng Hausse beim Chômage oder nach der Kuerzaarbecht an op d'Prekaritéit vu villen Independanten.

Den Noutstand beim Logement ass kloer mat der Corona-Kris verschäerft ginn, seet den OGBL. D'Hausse vun der Loyers-Zoulag misst iwwert d'Enn vum Joer eraus verlängert ginn. Dat selwecht misst fir d'Afréiere vun de Loyere gëllen. Parallel misst méi soziale Wunnraum zur Verfügung gestallt ginn.

Fir all déi Mesuren ze finanzéieren, géif den OGBL op eng progressiv Hausse vun der Grondsteier setzen, eng Steier déi net fir déi eege Wunneng dierft gëllen, mä fir Leit, déi "en masse" Terrainen an Immobilien hunn.