Iwwert dëse Wee si Fuerscher zu Lëtzebuerg relativ séier u Bluttprouwe vu schwéierkranke Covid-19-Patiente komm.

Computerwëssenschaftler hu mat dësen Donnéeën e Modell entwéckelt, fir fréizäiteg Patienten ze detektéieren, déi kënnen ee schwéiere Verlaf hunn.

Nach am November war de Jorge Goncalves zu Wuhan. De Fuerschungszenter LCSB vun der Uni Lëtzebuerg kollaboréiert zanter Jore mat der Universitéit zu Wuhan. De Jorge Goncalves, Computerwëssenschaftler beim Lëtzebuerger Institut fir systemesch Biomedezin: "Déi Kooperatioun ass duerch ee vu menge fréiere Studenten, wou ech nach Dozent op der Uni zu Cambridge war, entstanen. Zanter 4 Joer schafft hien a China. Hien huet mech kontaktéiert a gesot, hien hätt eng grouss Unzuel u Blutttester vu schwéierkranke Covid19-Patiente krut aus engem vun de gréisste Spideeler aus Wuhan. Also vu Patienten, déi ee ganz geféierleche Verlaf haten."

Computerwëssenschaftler zu Lëtzebuerg kruten dës Donnéeën an hu versicht erauszefannen, ob een opgrond vu Bluttwäerter kann erausfannen, wéi sech de Verlaf vun enger Krankheet entwéckelt.

D‘Prognosen, déi een elo maache kann, wieren zu 90 Prozent zouverlässeg. En einfache Blutttest kéint den Dokteren eng Indikatioun ginn, wéi de Verlaf bei engem Patient méiglecherweis ausgesäit.

Dës kënschtlech Intelligenz kéint awer kengesfalls den Dokter ersetzen.