Vun dësem Mëttwoch u sinn 11 nei Petitiounen um Site vun der Chamber online, déi bis de 14. Juli, op d’mannst 4500 Signatairen brauchen.

Eréischt da kann et zu enger ëffentlecher Debatt an der Chamber kommen.

Verschidde Fuerderunge vun de Petitionären sinn dann och Corona-liéiert. Beispillsweis gëtt d’Enn vum Etat de crise gefuerdert – mer missten eis elo eben un déi nei Situatioun upassen. Den Horesca-Secteur misst iwwer zäitlech Mesurë geséchert ginn, an den TVA-Saz am Secteur sollt déi nächst 5 Joer iwwer, op 3% erofgoen.

Eng aner Petitioun nennt sech „Nee zu der Maskenflicht“, an eng weider freet dass d’Spillplazen endlech missten opgemaach ginn.

Och den Teletravail soll gestäerkt ginn, wann et engem weidere Petitionär nogeet, andeems Lëtzebuerg sech mat de Nopeschlänner iwwert e Steiermodell soll eens ginn.

Iwwerbléck vun den neie Petitiounen

  • Pétition publique 1613: Demande de réouverture des aires de jeu au Luxembourg pour les enfants
  • Pétition publique 1612: Retour à 3% de TVA pour le secteur HORESCA
  • Pétition publique 1611: Instauration de "zones de rencontre" dans toutes les rues avec trottoirs étroits
  • Pétition publique 1610: Interdiction de l'utilisation d'enceintes portatives dans la rue
  • Pétition publique 1609: Télétravail frontalier: Négociation entre le gouvernement luxembourgeois et les gouvernements des pays frontaliers incitant les services fiscaux des pays frontaliers à permettre de télétravailler plus de 50% au Grand-Duché de Luxembourg sans qu'il y ait des impacts fiscaux ou sociaux pour les télétravailleurs
  • Pétition publique 1607: NON au port du masque obligatoire
  • Pétition publique 1606: Finir l'état de crise, on doit s'habituer
  • Pétition publique 1603: Doublement de la faveur fiscale résultant du taux de TVA réduit de 3% lors de construction ou rénovation
  • Pétition publique 1604: Pour une réforme des retraites équitable et durable
  • Pétition publique 1599: Protection des bars et restaurants pendant le Covid-19 via des mesures temporaires
  • Pétition publique 1590: Création du métier d'agent de sécurité

Déi ganz Lëscht vun alle Petitiounen fannt der op chd.lu. Et gëtt och drun erënnert, dass fir den Ament , wou den Etat de crise gëllt, d’Collecte vun Ënnerschrëften um Pabeier net erlaabt ass.