D’Stad Lëtzebuerg zitt e positive Bilan, Stand e Freidegmëtteg, wieren insgesamt 3.386.450 Masken op 9 verschiddene Plaze verdeelt ginn.

An der Stad Lëtzebuerg goufen iwwer 3 Millioune Masken un d’Awunner verdeelt. Verdeelt goufen dës op 9 verschiddene Plazen. D’Maskeverdeelung sollt um Samschdeg ophalen, ma et gëtt awer elo nach eng Ausnam. Mir waren an e puer Verdeelungsstrukturen bis laascht luussen.

Déi lescht Woche goufe Millioune Masken un d’Awunner aus der Stad Lëtzebuerg verdeelt. Esou ewéi hei um Lampertsbierg. Iwwer een Drëttel dovunner sinn direkt den éischten Dag ofgeholl ginn, heescht et aus der Stater Gemeng. Op 9 verschiddene Plazen uechter d’Stad hu fräiwëlleg Mataarbechter aus verschiddene Servicer vun der Gemeng d’Maske verdeelt. Eng 35.000 Leit sinn hir Masken net siche komm. D'Masken, déi net verdeelt goufen, ginn elo stockéiert.

Och an d’Rotonden konnt een d'Maske siche goen. Hei goufen déi fräiwëlleg Mataarbechter vun der Gemeng vun de Scouten ënnerstëtzt.

Institutioune wéi Alters- a Flüchtlingsheemer konnten d'Masken direkt fir all hir Awunner siche goen an 200 Personnes vulnérables krute se iwwer d’Helpline heem geliwwert.

Déi nächst Woch gëtt nach eng Verdeelungsplaz opgehalen, an zwar am Ratskeller vum Cercle Cité, fir déi Leit, déi bis elo net konnten hir Maske siche goen.

Maske spende fir Flüchtlingen

Zënter 2016 hëlleft d’Fabienne Dimmer zesumme mat hirer Associatioun "Catch a Smile" virun allem Flüchtlingen a Campen am Balkan. Donieft sammelt se zënter kuerzem Masken fir Flüchtlingen, déi ënnert anerem a Campen a Griicheland liewen.

D’Leit kënnen d’Maske bei der Associatioun ofginn. D’Maske ginn dann an déi verschidde Flüchtlingscampe geschéckt. Bis ewell goufen 10.000 Maske verschéckt.

Aner Gemenge verdeele weiderhin d'Masken un hir Awunner

A ville Gemenge kann een awer och weiderhi seng Maske siche goen, sou z.B. zu Bäertref, dëst zu den normalen Ëffnungszäite vun der Gemeng.