Et wier elo wichteg, dass och d'Gemengen hir Investitiounen héichhale fir d'Relance vun der Ekonomie, esou d'Ministesch no enger Reunioun mam Syvicol.

„Den Deconfinement ass vill méi schwiereg, wéi de Confinenent war", dat sot de Syvicol-President Emile Eicher e Méindeg de Mëtteg. Eleng déi nei Schoulorganisatioun wier eng Herkulesaarbecht gewiescht. Den Inneministère ass bereet, de Gemenge wéinst der Kris finanziell ënnert d'Äerm ze gräifen.

Wéi d'Inneministesch scho bei eis op der Antenne ugedeit hat, gëtt un der Subside-Schrauf gedréit: D'Investitiounen, déi an de kollektive Beräich falen, zum Beispill Schoulgebaier oder Waassertierm, déi gebaut ginn, kéinten an Zukunft mat 40 Prozent, amplaz 35 Prozent ënnerstëtzt ginn.

Et wier elo wichteg, dass och d'Gemengen hir Investitiounen héichhale fir d'Relance vun der Ekonomie, esou d'Ministesch. D'Hëllef hänkt awer ëmmer vun der finanzieller Situatioun vun der jeeweileger Gemeng of. De Syvicol begréisst dës Ënnerstëtzung natierlech, allerdéngs wënscht ee sech eng allgemeng Reform vun der Subside-Politik, wou d'Plafongen an de leschte Joren ni ugepasst gi wieren.

Extrait Emile Eicher

De Gemenge feelen duerch d'Kris 420 Milliounen am Budget. Et kéint een awer net vun Defiziter schwätzen. Do hätt et wuel eng Konfusioun gi leschte Freideg an der Chamberkommissioun.

De 6. Juli organiséiert den Inneministère eng grouss Online Table Ronde mat all de Gemengen, fir d'Reform vum Gemengegesetz virunzedreiwen.

Communiqué

Taina Bofferding s'est échangée avec le SYVICOL sur les défis actuels du secteur communal et les projets politiques à entamer (15.06.2020)

Communiqué par: ministère de l'Intérieur

Ce lundi 15 juin 2020, s'est tenue une réunion de concertation entre le ministère de l'Intérieur et le SYVICOL afin de faire le point sur la situation actuelle du déconfinement dans les communes et les défis qui se posent, mais également de donner l'aperçu sur l'avancement des projets politiques au sein du ministère de l'Intérieur.

Concernant la situation financière des communes, la ministre de l'Intérieur, Taina Bofferding, a confirmé aux représentants du SYVICOL sa décision d'augmenter les subsides pour les équipements collectifs, et ceci notamment pour les communes dont la situation financière est moins bonne. Par ce biais, la ministre souhaite encourager les communes de continuer à investir dans les projets d'infrastructures essentielles.

«Als Inneministesch hunn ech mär Gedanke gemaach, wéi ech d'Gemengen ënnerstëtze kann. Grad an dësen Zäiten ass et wichteg, dass d'ëffentlech Hand – Staat a Gemenge – zesummen eng antizyklesch Politik maache fir esou d'Kris ze iwwerwannen. Duerch gezielte Subside bei Investissementer kënne mär si encouragéieren, geplangte Projeten duerchzezéien, zB bei kommunalen Waasserinfrastruktuen oder bei Schoule fir ons Kanner.»

Taina Bofferding a également donné un aperçu sur les avancements des projets de loi liés au COVID-19 qui affecteront les communes, de même que sur les perspectives pour les autres projets politiques sur lesquels les travaux viennent de recommencer au sein du ministère de l'Intérieur.