Lauschtert déi 8. Episod vum Podcast "Exit! an elo?" mam Politikwëssenschaftler Michel Dormal op RTL.lu.

Mir musse léieren, eis Fräiheeten a Grondrechter ofzeweien, esou de Politikwëssenschaftler Michel Dormal, dee spezialiséiert ass an der politescher Theorie an Demokratiefuerschung am RTL-Podcast "Exit! An elo?" De Wëssenschaftler gesäit d’Potential dofir, datt am politeschen Discours eng gewësse Krise-Semantik hänke bleift: “Do riskéiere mer an eng komesch Situatioun ze kommen, wou jidderee sech géigesäiteg iwwerbitt, mat Katastrophen- a Krisenzeenarien an esou no a no den Etat d’Urgence zum normale Modus vu Politik gëtt.

Et huet ee jo gesinn, datt et kuerzfristeg fonctionéiert, mee laangfristeg ass et näischt, wat an enger Demokratie esou ka fonctionéieren.”

Fräiheeten opgi fir Fräiheet ze kréien?

Mir wieren et gewinnt, eis Fräiheet zum groussen Deel individualistesch ze gesinn, esou de Michel Dormal. Ma an der aktueller Situatioun géif dëst net goen, et misst ee kollektiv virgoen: “Do stelle sech fir mech grondsätzlech Froen zum Fräiheetsbegrëff, déi awer elo guer net esou philosophesch sinn, mee ganz konkret. Bei all de Mesurë geet et net nëmmen drëms, anere Leit ee Gefalen ze maachen, mee dat mer all zesummen an engem Boot sëtzen a fir seng eege Fräiheeten dauerhaft kënnen ze behalen, een och déi vun deenen anere muss mat schützen.” Déi individuell Fräiheete géifen ëmmer och mat kollektiven Aspekter zesummenhänken.

Politik a Wëssenschaft

D’Wëssenschaft soll keng politesch Roll spillen, ma nëmme Fakten duerleeën, esou de Michel Dormal: “Dat geet meeschtens net gutt aus, wann d’Wëssenschaftler versichen, Politik ze maachen an et geet meeschtens och net gutt aus, wann d’Politiker versichen, Wëssenschaft ze maachen.”

Lauschtert de ganze Podcast:

Exit! An elo? Episod 8 - Fräiheeten

De ganze Podcast mat zousätzlechen Detailer fannt Dir ënnert podcast.rtl.lu.

Eng Episod verpasst?

Exit! An elo? - Episod 1 - Wee an den Alldag
Exit! An elo? - Episod 2 - "Et kann een optimistesch sinn"
Exit! An elo? - Episod 3 - Duerch d'Teste méi séier wéi de Virus
Exit! An elo? - Episod 4 - Zweet Well verhënneren

Exit! An elo? - Episod 5 - Impfstoff fir Enn vum Joer?

Exit! An elo? Episod 6 - Duerch smart Testen eng zweet Well verhënneren
Exit! An elo? - Episod 7 - Smart Testen