Um Internetsite vum Wirtschaftsministère, ënnert meco.gouvernement.lu gëtt et en Äntwertekatalog zu sämtlechen Froe zu den Iwwernuechtungsbongen.

Den Tourismus-Minister Lex Delles huet via Twitter confirméiert, dass all Resident an all Frontalier iwwer 16 Joer, am Laf vum Juli e 50€-Bong wäert Heem geschéckt kréien, deen een an enger Iwwernuechtungsstruktur hei am Land kann aléisen, dat ganzt bis Enn des Joers.

Domadder ginn ëmmerhi ronn 730.000 där Bonge verschéckt, an dat nach am Laf vun dëser Woch, respektiv der nächster.

Um Internetsite vum Wirtschaftsministère, ënnert meco.gouvernement.lu gëtt et en Äntwertekatalog zu sämtleche Froen do ronderëm.

Zanter leschter Woch kënne sech Iwwernuechtungsstrukturen online op letzshop.lu aschreiwen. AirBnB’en zielen iwwregens net derzou.