Op den 2 Sitte vum CHdN zu Ettelbréck a Wolz hunn 2019 am Ganzen 1.048 Mataarbechter an 148 Doktere geschafft.

Zejoert goufen iwwer 14.000 stationär a ronn 196.000 ambulant Behandlunge gezielt. Et goufen iwwer 14.000 chirurgesch Agrëff, ronn 11.000 Dialyse-Seancen, méi wéi 3.500 Chemotherapie-Sëtzungen a bal 80.000 Passagen an den Urgencen. Dat Ganzt mat engem Budget vun 137,9 Milliounen Euro.

De CHdN krut 2019 eng éischte Kéier de sougenannte „Recognised for Excellence“-Certificat mat 5 Stäre vum European Foundation for Quality Management.

Dëst wier d'Resultat vu permanenten a laange Beméiungen, fir de Besoine souwuel vun de Patienten, Mataarbechter a Kooperatiounspartner gerecht ze ginn. Dobäi kéim eng finanziell stabel Positioun, betount de Generaldirekter vum CHdN, de Professer Dr. Hans-Joachim Schubert.

E gutt Resultat, dat sech och am Resultat vun engem Sondage bei de Patienten erëmspigele géif. 97% vun de Befrote géifen d'Nordspidol weider recommandéieren.