De fréiere Minister Etienne Schneider hätt den Virowend vum Vott gewosst, dass den Observatiounssystem e bësse méi deier géif ginn.

Am Dossier Militärsatellit gouf den deemolege responsabele Minister Etienne Schneider haaptsächlech vu Säite vun der Oppositioun accuséiert, der Chamber deemools 2018 virum Vott vum Finanzéierungsgesetz eng gekréckelt ze hunn. Den haitegen Defenseminister François Bausch, seet deemools wär vill am Gesetz vergiess ginn, dofir géif de Satellit elo bal duebel esou deier ginn. E Méindeg hat dunn den Etienne Schneider d'Méiglechkeet sech z'erklären.

Militärsatellit - Reportage Pierre Jans

I am back, ech sinn zeréck, op mannst ganz kuerz, huet en dach entspaanten Etienne Schneider no bal 3 Stonne bei der Budgetskontrollkommissioun gegeckst. Jo hien hätt de Virowend vum Vott gewosst, dass den Observatiounssystem e bësse méi deier géif ginn. Den Präis vun OHBI hätt bei 165 Milliounen Euro geleeën. Deemno huet eleng d'Acquisitioun de Budget vun 170 Milliounen Euro saturéiert. Allerdéngs wären seng Leit iwwerzeegt gewiescht, si kéinten de Präis nach no ënnen drécken. Dovu sinn d'Deputéiert näischt gewuer ginn. An der Chamber gouf d'Finanzéierungsgesetz gutt geheescht. Ma de Satellit gouf net méi bëlleg a sou waren d'Käschte fir d'Exploitatioun, déi LuxGovSat hätt sollen iwwerhuelen, net méi am Budget: 15 Milliounen op 10 Joer. Ma déi hätt ee labber nees erakritt, seet den Etienne Schneider elo zwee Joer méi spéit, duerch déi kommerziell Aktivitéite mam Satellit.

Seng Leit hätten d'Recetten op 31 Milliounen d'Joer héichgerechent. En plus hätt d'Regierung sech vis-à-vis vun der NATO verflicht de Budget fir d'Defense vun 0,4 op 0,6 Prozent eropzesetzen.

Etienne Schneider: ''Dat heescht ech hat wierklech d'Suen. Wann de Projet méi deier gewiescht wär, hätt et als Defenseminister a Vizepremier kee Sënn gemaach heihin ze kommen an der Chamber d'Wourecht net ze soen. Wann ech der Meenung gewiescht wär, de Satellit géif méi deier ginn, da wär et esou an de Projet geschriwwe ginn. Ergo et gëtt absolutt kee Grond firwat ech iergendeppes sollt verheemlechen. Et ass einfach esou, dass de Projet eng Rei Evolutioune matgemaach huet. Evolutiounen iwwer déi ech näischt méi kann decidéieren. Ech war net méi Defenseminister. Ech hunn déi Decisiounen net méi geholl. Mä ech gesi mech elo mat den Entscheedunge vun anere Leit konfrontéiert.''

Duerch déi Engagementer vis-a-vis vun der NATO wär och e gewëssenen Zäitdrock do gewiescht, esou seet den Etienne Schneider. 2023 hätt d'NATO fest mat de Lëtzebuerger Kapazitéiten a Form vum Satellit gerechent.

© RTL Archiv

De fréien Defenseminister gëtt och zou, dass d'Lëtzebuerger Arméi d'Kompetenzen aktuell net huet, fir esou e Satellit an d'Biller déi dee mëscht ze geréieren: ''Selbstverständlech kënnen se et net. Wann ech eppes net kann, da muss ech et léieren. An genee esou war et och hei virgesinn. Den Här Beaudot , den Expert vun der belscher Arméi, deen huet och hei an der Kommissioun ausgesot, dass ee maximal 6 Méint brauch fir Ënneroffizéier ze forméiere fir déi Aufgaben ze maachen. Déi Zäit, dat war alles ageplangt.''

No an no wären dat 25 Persoune bei der Arméi gewiescht, déi fir de Beräich Observatiounssatellit agedeelt gewiescht wären. A senge Pläng hätt LuxGovSat de Satellit gesteiert, ebe fir déi annerhallef Millioun Euro d'Joer, ma elo an Tëschenzäit ass d'Firma ofgesprongen. Wéi erkläert den Etienne Schneider sech dat?

''Dat kann ech Iech net soen, well déi Zäit wou ech nach Minister war, waren se ëmmer nach interesséiert. Ech hunn elo och nach an der Chamberkommissioun Extraite vu LuxGovSat gelies, wou ëmmer erëm gesot ginn ass, dass dee Projet eng grouss Opportunitéit fir si kéint sinn. Ech sinn elo iwwert ee Joer net méi an deem Dossier. Ech verstinn net firwat dat elo net sollt goen. Et gi vläicht Grënn dofir mä déi waren awer déi Zäit net bekannt, well LuxGovSat en faveur war fir op dee Wee do matzegoen.''

D'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun an CSV-Deputéiert Diane Adehm wërft d'Fro an de Raum, ob dee Meenungswiessel net u Personnagë gekoppelt wär.

''Wéi den Etienne Schneider Defenseminister war, war de Patrick Heck da President vu LuxGovSat, an du wou de François Bausch Defenseminister ginn ass, dunn ass de Gilles Feith ( * ) President vu LuxGovSat ginn. Dat heescht eng Konklusioun déi mir (Budgetskontrollkommissioun) gezunn hunn: mir géingen elo gäre Leit vu LuxGovSat héieren, déi eis emol erkläre sollen, wou elo dee Sënneswandel hierkënnt.''

(*) Richtegstellung vun der Redaktioun (13 Auer):

Deen Ament war d'Sasha Baillie Presidentin. Si war dëst bis Enn Abrëll 2020. Duerno war et um Ferdinand Kayser. De Gilles Feith ass am Abrëll 2019 als Board Member derbäikomm an huet do bis Enn Abrëll als Administrateur siegéiert. Hie war ni President, ma ass elo Vizepresident.

D'Reprochë géintiwwer dem fréiere LSAP-Arméisminister vun der CSV sinn manner haart ginn. D'Diane Adehm seet, et wéist een guer net méi wiem ee kéint gleewen. Doutten huet d'Deputéiert och iwwer d'Legalitéit vun der ganzer Prozedur. Si berufft sech op e Marché Public-Gesetz ''wou ganz genee dran definéiert ass, wéi eng Reegelen ee muss respektéieren, wann een eppes um Niveau vun der Defense keeft. Mir hunn den Etienne Schneider domat konfrontéiert. U sech ass keng eenzeg Konditioun fir einfach e Kontrakt mat OHBI z'ënnerschreiwen, ouni do eng Ausschreiwung ze maachen.''

Reaktioun vum Claude Wiseler

Ech hunn d'Gefill, wéi wann hei de Geck mat der Chamber gemaach gëtt. Sou sot et en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview den CSV-Deputéierte Claude Wiseler, am Kontext vun den Aussoe vum Ex-Minister Etienne Schneider an der parlamentarescher Budgets-Kontroll-Kommissioun zum ominéisen Militärsatelitt, deen duebel sou deier gëtt wéi virgesinn.

De kompletten Interview mam Claude Wiseler (30.6.20)

Entweder d'Chamber géif fir domm verkaf ginn oder Inkompetenz wär am Spill, mengt den Oppositiounspolitiker. Den Etienne Schneider hätt ee mat sengen Aussoen gëscht guer net iwwerzeege kënnen, fënnt de Claude Wiseler. 2018 wär total iwwerstierzt gehandelt ginn. Sou hätt de Gesetzprojet net dierfen deposéiert ginn. Dat wär onseriö a fahrlässeg.

Den Etienne Schneider hätt an der Chamberkommissioun zouginn, dass hie gewosst hätt, dass et géif méi deier ginn, ma hätt gehofft, de Präis nach kënnen erof ze handelen. Jidderee wär Schold, dass et méi deier gëtt, mä just net den Etienne Schneider, hätt een e Méindeg den Androck gehat, sou de Claude Wiseler.