En Dënschdeg gouf zesumme mat Chercheure vum Fonds National de la Recherche de Point gemaach iwwert d'Corona-Situatioun.

Wéi evoluéiert d'Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg? Wéi muss op d'Hausse bei den Nei-Infektioune reagéiert ginn? Wéi gesinn déi kuerz- a mëttelfristeg Projektiounen aus?

En Dënschdeg de Moie souzen déi parlamentaresch Kommissioune fir Justiz an Educatioun beieneen, fir zesumme mat Chercheuren de Point ze maachen. An do spiert een e bëssen d'Veronsécherung am Cercle Cité. Och d'Parlamentarier stelle sech d'Fro, wéi et weider geet.

Covid-Simulatiounen an der Chamber / Rep. Pit Everling

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert seet, datt hir Ekippen den Ament ganz vill Aarbecht hätten, fir ze retracéieren, zum Beispill ginn och Flich analyséiert. Déi aktuell Tendenz kéint eréischt an engem bis zwee Deeg beurteelt ginn:

Paulette Lenert: "Gëschter sinn zum Beispill Lëschte mat Volle beieneen erakomm. Et brauch Zäit, fir dat alles ze analyséieren a fir ze gesinn, ob mer et mat eenzele Clusteren ze dinn hunn oder ob mer scho rëm méi eng verspreete Presenz hunn zu Lëtzebuerg."

Koum déi lescht Deconfinement-Etapp e bëssen ze iwwerstierzt? De Policeminister François Bausch huet en Dënschdeg de Moien um Radio 100komma7 nees Restriktiounen am Privatberäich gefuerdert. D'Paulette Lenert kommentéiert déi rezent Déconfinements esou: "D'Propos vun der Regierung war eng aner, do waren nach Restriktiounen am Private virgesinn. Dat war d'Vue vun der Santé. Mir mussen eis natierlech an der Regierung dermadder befaassen, wat déi Nei-Infektioune bedeiten."

Se dierften op alle Fall bedeiten, datt un de Covid-Gesetzer muss gefeilt ginn an datt dës wäerte verlängert ginn. D'CSV hat d'Sëtzung en Dënschdeg de Moie gefrot, bei där Chercheure vum Fonds National de la Recherche dobäi waren. Et soll massiv op Tester gesat ginn, fir déi zweet Well ze evitéieren. D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen freet sech awer, wéi dat soll goen: "50 bis 100.000 Tester d'Woch, do si mer nach net. D'Tester si lo mol preparéiert bis Enn Juli. Dat geet awer net duer."

D'CSV ass der Meenung, datt een net laanscht eng Tracing-App kënnt an déi Diskussioun misst och elo dringend gefouert ginn. D'Martine Hansen mécht sech dann och Suergen iwwer déi ablécklech Situatioun an de Schoulen:

Martine Hansen: "Wann an der Schoul déi sozial Distanzéierung net kann agehale ginn, da besteet eng Gefor, soen déi wëssenschaftlech Konklusiounen. An enger Klass mat 30 Leit kënnen déi Distanzen awer net agehale ginn."

Et hätt awer lo kee Wäert méi, fir d'Zesummeleeë réckgängeg ze maachen, sou nach d'Martine Hansen.