Den Herbizid dierf net méi verkaf ginn, ma do, wou en op Stock ass, dierf en allerdéngs nach bis Enn vum Joer opgebraucht ginn.

D’Lëtzebuerger Landwirtschaft wier net de groussen Utilisateur vu Glyphosat gewiescht, dofir wier d’Ëmstellung net esou schwiereg gewiescht, esou d’Bauerenzentral.
Als Alternativ zum Glyphosat schaffen d’Baueren de Buedem elo méi mechanesch. Fir d’Landwirtschaft wier et ee Méi un Aarbecht. De Verbuet vum Glyphosat huet d’Bauerenzentral acceptéiert.

Reaktioun "Déi Gréng"

E Verbuet deen de François Benoy vun déi Gréng begréisst, wéi et an engem Communiqué vun der Partei e Mëttwoch heescht. Den 1. Juli wier e gudden Dag fir d'Natur an d'Gesondheet vun de Mënsche seet de gréngen Deputéierten. Lëtzebuerg géif mat dësem Verbuet eng Virreiderroll huelen um Wee zu enger nohalteger Bewirtschaftung vun Aker a Gäert.