Geschitt ass dëse Virfall zu Bouneweg an der Rue Jean-Baptiste Gellé, dat an der Nuecht op en Dënschdeg.

Géint 4.20 Auer krut d'Police e méiglechen Abroch am Geschäft gemellt an d'Informatioun, dass déi Verdächteg nach op der Plaz wären. Direkt e puer Police-Ween hu sech op déi genannte Plaz gemaach. Do ukomm, konnt d'Police beim Duerchsiche vum Gebai an engem Hanneraum zwee Männer stellen, déi sech virun der Police verstoppt hunn.

D'Wuer déi geklaut gouf, Geschier an Droge goufe beim Duerchsiche vun den 2 Täter séchergestallt.  Op Uerder vum Parquet goufe béid Männer festgeholl a krute fir en Dënschdeg e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Déi geklaute Saache krut de Proprietär dann och nees zeréck.