Op ville Plaze leie Masken, déi ee just eemol undoe kann, um Buedem. U sech missten déi Masken an déi schwaarz Poubelle kommen.

Eng infizéiert Persoun muss hire Mask esouguer nach an enger spezifescher Tut entsuergen. Dat huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg dem CSV-Deputéierte Paul Galles wärend der Froestonn an der Chamber geäntwert.

An Zukunft soll een och e Protokoll kënne kréien, wann ee säi Mask einfach an d'Natur gehäit.

"Jo, beim Iwwerschaffe vun den Direktiven, déi mam Offall ze dinn hunn, wëlle mir änlech ewéi Frankräich duerchaus d'Strofkatalogen upassen. Mir wäerten och iwwer de Summer d'Leit sensibiliséieren."

Eleng déi Masken, déi vum Staat un d'Stéit verdeelt ginn, stellen zesummen 144 Tonnen Offall duer, erkläert d'Carole Dieschbourg.

Par Rapport zu 160.000 Tonne Rescht-Offall allgemeng zu Lëtzebuerg, wär dat schonn ''e gudde Krack méi. De Paul Galles vun der CSV huet d'Regierung och opgefuerdert, méi op Masken aus alternative Materialer ze setzen. Dat géif een op alle Fall elo an der Fonction Publique scho massiv maachen, esou d'Carole Dieschbourg nach.