Eis Baueren hu mat Oplagen a puncto Dréchent, Globaliséierung, CETA, EU-Agrarpolitik ze dinn, déi wuel eiser Natur eppes bréngen, hirem Akommes awer net.

Domadder muss d’Landwirtschaft eens ginn. Kënnt awer dann nach esou eppes wéi Covid-19 dobäi, gëtt et komplizéiert.

An der globaliséierter Welt reagéieren d’Präisser eben direkt, de Covid-19 huet se op d’Knéie gedréckt, well wann a China een houscht, spiert de Secteur et och zu Lëtzebuerg. E Schluechthaus-Skandal wéi an Däitschland schléit elo nach eng drop, kréie mir erkläert.

An da kënnt d’Dréchent nach dobäi. D’Gewunnechte vum Konsument hu sech wärend dem Confinement geännert: Lokal a regional Akafe goe gouf Routine - an d’Floskele vun der Politik sollten elo och Realitéit ginn.

D’Politik kéint elo eescht maachen, an engem Ament, wou d’Landwirtschaft hiren traditionellen “hautnoe” Rendez-vous mam Bierger an e “virtuellt Kou-Heemelen” huet misse verwandelen. Un d’Regierung ass et d’Fuerderung, nieft der Mëllech a Fleeschproduktioun, hei och an d’Transformatioun vun anere Liewensmëttel z’investéieren. D’Politik wier gefuerdert, nieft der aktueller Hëllef, hei e Risiko anzegoen an eventuell ofzefiederen, seet de Secteur, dee genee weess, dass d’Kris nach net eng vu gëschter ass.