Dat sot de President vun der Associatioun vun de Banken a Banquiere Guy Hoffmann um Mëttwoch géintiwwer de Presse.

Lëtzebuerg lieft zu engem groussen Deel vum Finanzsecteur. An anescht ewéi bei der Kris vun 2008, brauchen d'Banke keng staatlech Hëllefen, ma dës Kéier sinn et si, déi hëllefen, den ekonomesche Schued vun der Covid-19-Pandemie ofzefiederen.

ABBL / Rep. Pierre Jans

Alles an allem geet et de just nach 127 Banke gutt. Déi monetär Volumme sinn och fir d'Joer 2019 op engem gudden Niveau: alles an allem stinn 815 Milliarden Euro am Bilan total.

Och Depote sinn héich, dat heescht, et leie vill Suen op de Banken hei zu Lëtzebuerg: 658 Milliarden Euro zejoert, deemno 39 méi ewéi 2018.

Vill Revenu hätten d'Banken awer net méi. D'Käschte fir d'Banke géife weider klammen, virop wéinst dem negativen Zënsen, déi d'Banke fir Depote bei der Europäescher Zentralbank musse bezuelen, beklot de President vun der ABBL Guy Hoffmann. Ma och d'Personal- an d'Verwaltungskäschte klamme weider. Sou sti sech e gudden Netto-Revenu vu ronn 12 Milliarden an awer gläichzäiteg och Käschte vu gutt 7 Milliarde géintiwwer.

''Dat sinn Evolutiounen, déi mir iwwer déi lescht Jore reegelméisseg gesinn hunn. Dat bréngt eis op e ''cost/income'', deen iwwer 60 Prozent war. 2012 louch deen nach bei 43 Prozent, wann ech mech richteg erënneren. Dat heescht Käschte par rapport zu de Revenuen ass eng Evolutioun, déi ouni Zweiwel net an eiser Faveur spillt.''

Dat heescht, dass d'Resultat éier nach d'Steieren an d'Provisiounen ofginn, ëm 6,4 Prozentpunkte méi niddreg ass ewéi 2018. Et läit bei gutt 4 Milliarden an 74 Milliounen Euro. Tendenz no ënnen.

Nawell: mat engem Eegekapital vun 48 Milliarden Euro kéinten d'Banken hirer Roll gerecht ginn, fir d'Lëtzebuerger Ekonomie nees mat unzekuerbelen, mengt den ABBL-President. Se dierft natierlech net éiweg daueren. 6 Lëtzebuerger an zwou international Banken hate sech jo bereet erkläert, den Entreprise Moratoiren op maximal 6 Méint ze ginn, op d'Prêten, déi se zeréckbezuele mussen. Gutt 18.000 Demandë goufen accordéiert. E Montant vun 3,7 Milliarden Euro. Déi Moratoirë géifen awer op kee Fall verlängert ginn, Guy Hoffmann.

''Nee, dat ka jo elo och net Solutioun sinn, dass mir d'Kreditter op Éiwegkeeten aussetzen, well dann hu mer herno de Risk vun der Entreprise an de Finanzsecteur transferéiert. Iergendwann musse mir elo scho gesinn, ob de Mechanismus uspréngt oder net.''

Do zéien den Ament, grad fir verschidden Branchen, éischter däischter Wolleken op. Well d'Relance méi laang dauert, wéi ugangs geduecht:

"De Secteur vun der Aviatioun, den Evenementiel, d'Horesca, dat sinn Secteuren, déi awer net vun engem Dag op deen anere vun Null op Honnert fonctionéieren. D'Konsequenzen dovun, déi wäerten dann och méi laang brauchen. Do gesi mer a 6, 9, 12 Méint warscheinlech dann déi reell Repercussiounen ", sou de Yves Maas, Generaldirekter vun der ABBL.

An awer kéint um Enn an engem Europäesche Kontext d'Bankeplaz Lëtzebuerg gestäerkt aus der Kris eraus goen. Op d'mannst, sou laang d'Kris net vun den Entreprisen op de Finanzsecteur iwwerspréngt.

De Pierre Etienne, Vize-President vun der ABBL, erënnert drun, datt Lëtzebuerg, nieft Däitschland, dat eenzegt Land an Europa ass, wat nach dee wichtegen Tipple A huet. Och wann de Wuesstem ëm 6 % abrécht an de Staatsdefizit op 30% wiisst. Nach gutt Zuelen am europäesche Verglach.

Wat d'Banke selwer ubelaangt, sou halen éischt Analyse fest, datt 80% vum Personal ganz kuerzfristeg, bannent Deeg, an der Kris eriwwer op den Teletravail wiessele konnten. Eng positiv Iwwerraschung u sech, déi och eppes kascht, wat d'Infrastrukturen, d'Adaptatioun vun den Informatik-Systemer an d'Cyber-Sécherheet ubelaangt. En Teletravail, deen ouni Zweiwel an Zukunft begrenzt bäibehale soll ginn.

D'ekonomesch Relance leeft an den Ae vun de Banke méi lues ewéi d'Regierung dat uganks geplangt hat. Bis ewell goufen nëmmen 245 Demandë vun Entreprise registréiert, déi gär vum Prêt mat de staatleche Garantië profitéiere géingen. Ma de Bankesecteur wär dephaséiert zum Impakt vun der Kris. D'Stonn vun der Wourecht, déi kéim nach, wann d'Moratoiren oflafen an d'Entreprisen nees Kreditter missten zeréckbezuelen. Dem Guy Hoffmann no ass da just ze hoffen, dass d'Wirtschaft nees neie Schwong huet.