An der Chamber gouf e Mëttwoch eng erweidert Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar iwwer d’Fräihandelszon diskutéiert.

De Freeport huet an der leschter Zäit virun allem vu sech schwätze gedoen, well de President vum Conseil d'administration, de Robert Goebbels, demissionéiert huet. De Freeport hätt net déi beschte Reputatioun an dowéinst wier et wichteg, d’Fro ze stellen, wéi et weider goe soll, dat huet de Laurent Mosar a senger Ried betount.

2018 hat sech déi finanziell Situatioun vum Freeport jo weider verschlechtert. Verloschter am Wäert vun 1,6 Milliounen Euro si bei déi 6 Milliounen Euro Perten dobäikomm, déi zanter dem Ufank vum Freeport zustane koumen. E Gewënn gouf nach ni erzielt, esou den CSV-Deputéierten, deen dowéinst Zweiwel un der Zukunft vum Freeport huet.

Op d’Fro, ob de Staat eventuell géing drun denken, de Freeport z'iwwerhuelen, äntwert de Finanzminister Pierre Gramegna ganz däitlech, dass de Freeport eng privat Entreprise ass. Mam Reproche, dass Lëtzebuerg am Fall vun enger Faillite negativ Repercussioune géing kréien, ass de Finanzminister net d’Accord.

De Pierre Gramegna betount och, dass de Lëtzebuerger Freeport deen eenzege wier, deen d’Anti-Blanchiment-Gesetzer anhale muss. Fir d’Reputatioun vum Land géing hien dowéinst kee Risiko gesinn, och net am Fall vun enger Faillite. Wéi et mam Freeport wieder geet, géing an der Hand vun der Entreprise a vun den zukünftegen Entscheedunge leien.