De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot mécht sech Suergen iwwert d’Situatioun vun de Flüchtlingen a wéi sech wärend der Corona-Kris ëm se gekëmmert gouf oder net.

Den LFR huet eng Petitioun lancéiert, mat zwou Recommandatiounen. Engersäits soll d’Regierung sech engagéieren, datt Leit, déi den Asyl accordéiert kruten, en Delai vu 6 Méint kréie fir ee „regroupement familial » unzefroen.

Zweetens freet de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, datt opgehale gëtt sech z’«acharnéieren» fir Asyldemandeuren, déi schonn eng Demande an engem anere Land gemaach hunn ze transferéieren. Decisioune fir sou Transferte vu Leit déi virum 15. Juni ukomm si sollen annuléiert ginn.