Hannergrond sinn d'aktuell Diskussiounen iwwert den Escher allgemenge Bebauungsplang, mat deem de Schäfferot géint WGen an der Minettmetropol virgoe wëll.

PAG Wunngemeinschaften/ Rep. Claude Zeimetz

De Phänomen vun de Wunngemeinschafte gëtt u sech net vun engem PAG reglementéiert, dat äntweren d’Inneministesch Taina Bofferding an de Logementsminister Henri Kox op eng gemeinsam parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo an Yves Cruchten.

Cohabitatioune wieren e komplext gesellschaftlecht Phänomen, dat een nuancéiert analyséiere misst, sou d’Ministeren.

De PAG géif just de Gemengenterrain a verschidden Zonen andeelen op deenen ënnerschiddlech gebaut dierf ginn. Och hätt d’Verwaltungsgeriicht an engem Urteel festgehalen, datt d’Colocatioun mam Statut vun engem Eefamilljenhaus kompatibel ass. An den Aen vun de Ministeren ass et dowéinst kloer, datt et net un de Gemengen ass fir d’Co- respektiv d’Souslocation ze reegelen. Virun allem géif et bis elo och nach kee Gesetzprojet am Beräich vum Wunnen, deen d’Famill op eng bestuete Koppel oder en affektive Lien reduzéiert.

Et géif sech also d’Fro stellen, ob et net diskriminatoresch ass, fir verschidde Gruppe vu Leit fir WG’en z’ecartéieren nëmme well se net matenee bestuet, gepacst oder Famill sinn.

De Logementsministère ass den Ament am Gaange fir un engem Gesetzprojet ze schaffe fir d’Sous- a Colocatioun am Lëtzebuerger Loyersgesetz ze verankeren.

Bei der Escher Gemeng wëllen den Innen- an de Logementsministère nach net den Ament intervenéieren. Och wann verschidden Dispositioune vum neie PAG riskéiere géint d’Gesetz ze verstousse wéilt een nach net agräifen sou laang d’Prozedur net ofgeschloss ass an den definitiven, vläicht geännerten Text gestëmmt ass.

Wat d’Kaffiszëmmeren ugeet, géint déi den Escher Schäfferot eegenen Aussoen no jo wëll virgoen, do géifen et haut scho genuch Moyene ginn, fir géint des Form vun Exploitatioun um Wunnengsmaart virzegoen.