Och no de Restriktioune wärend der Corona-Pandemie funktionéiert d'Drecks-Deponie vun der SIDEC um Fridhaff net, wéi et virdrun de Fall war.

D'46 Membergemenge vum Syndicat goufen driwwer informéiert, datt temporär d'Pré-Traitements-Installatiounen net schaffen, sou datt d'Quantitéite vun Offall, déi ugeholl ginn, wäerte limitéiert ginn. Och d'SIDOR wëll iwwerdeem d'Iwwer-Capacitéite vum SIDEC u Knascht net méi unhuelen, wëll bis September Maintenance-Aarbechten um Verbrennungsuewen zu Leideleng gemaach ginn. Ëmmerhi geet et ëm 400 Tonne Knascht d'Woch, déi vum SIDEC op Leideleng gefouert goufen.

Iwwergangs-Léisunge musse vum SIDEC fonnt ginn, mä dat dierft bis d'iwwernächst Woch daueren. Duerfir kann aktuell de SIDEC kee Knascht méi unhuelen, dee baussent der Kollekte vun de Poubellen ufält.

All dës Problemer hunn den CSV-Norddeputéierte Marco Schank derzou bruecht, Froen un d'Ministeschen Dieschbourg a Bofferding ze stellen. Well d'Urgence vun der parlamentarescher Fro unerkannt gouf, läit eng Äntwert d'nächst Woch fir.

Ënnert anerem geet et och ëm méiglech Covid-Infektiouns-Geforen, déi duerch den Offall kéinten ausgoen.

De SIDEC regroupéiert d'Gemengen aus de 6 Kantoner Dikrech, Miersch, Réiden, Wolz, Klierf a Veianen, sou datt via de Syndicat fir d'Gestioun vum Offall eng 130.000 Awunner Client sinn, deenen hire Knascht aus dem Stot traitéiert gëtt.