Wéi d'Police matdeelt, hunn zwee Café/Restaurante musse protokolléiert ginn, well se wäit no Hallefnuecht nach Cliente haten.

Dëst war ënner anerem zu Veianen de Fall. Zu Schëffleng waren no 1 Auer nach Leit am Lokal a stoungen dobäi och nach beim Comptoir, wat jo och net erlaabt ass. Derbäi koum nach, dass de Besëtzer vum Lokal keng Schutzmask un hat.

D'Police huet dann och annoncéiert, dass se och an der Nuecht op e Sonndeg nees verstäerkt Kontrolle wäert maachen, ob d'Caféen a Restauranten sech un d'Reegelen halen.