Jiddwer 1. Sonndeg am Juli gëtt beim Klouschter Pafemillen de Judde vu Lëtzebuerg geduecht, déi wärend dem 2. Weltkrich vun den Nazien deportéiert goufen.

"Dimanche prochain, je serais déportée à Theresienstadt. Je suis abattue. Est-ce-que je reverrais un jour mes enfants bien-aimés?" Wieder op enger Postkaart, déi déi deemools 82 Joer al Elisa Kahn vun der Pafemillen aus un hir Famill op Miedernach geschéckt huet.

Vu Cinqfontaines aus goufen tëscht 1941 an 1943 iwwer 300 Judden vun der Gestapo, a 7 Transporter, Direktioun Osten deportéiert. Wat deemools vu baussen wéi en Altersheem ausgesinn huet, war a Wierklechkeet eng Sammelplaz fir virop déi al a krank Judden vu Lëtzebuerg.

De Bléck haut war manner an d'Vergaangenheet an d'Joren 1941 bis 43 geriicht. Beschäftegt huet éischter d'Fro: Wat ass haut an der Welt lass? Wat ass bei eis zu Lëtzebuerg lass? De Plaidoyer war kloer: zu Gonschte vun enger gerechter Gesellschaft, an där Mënschen a Respekt a Fridde liewen.

"D'Monument hei virun ons, erënnert un d'Affer vun engem rassistesche Wansinn. Eng onmënschlech Ideologie. Där et drëm goung, e ganzt Vollek ze verdillegen. Ma Schimmt gi mer zou, datt och haut nach Männer a Fraen diskriminéiert, verfollegt, ëmbruecht ginn, well se där oder där ethnescher Grupp, respektiv där oder där Relioun ugehéieren, sou de Père Claude Siebenaler, Recteur vum Klouschter Pafemillen.

Eng grouss Opklärungsaarbecht ass weider néideg. Grad haut 75 Joer nom Zweete Weltkrich. Stéchwuert lieu de rencontre et de mémoire. Där ass een hei op der Pafemillen geplangt, zanter 2014. Eng Plaz fir déi Jonk ze sensibiliséieren.

"Mir brauche méi Leit wéi de Charles Goerens oder de Jay Schiltz. Mir brauche méi där a vun den nächste Generatiounen, déi organiséieren, datt Jonker sech an e Bus setzen, op Auschwitz oder aner Konzentratiounslager fueren. Leit, déi de Jonke weisen, zu wat Mënsche fäeg sinn. An da solle mer ons all, all Owend eng Kier kuerz iwwerleeën, wat ons Virurteeler par Rapport zu aneren sinn. Mer sollen all Owend mat ons an d'Gebiet goen, well jiddereen huet Virurteeler. Dat ass eng Aarbecht, déi mer un ons musse maachen an un aneren, fir déi Virurteeler ofzebauen. An net een ze jugéieren par Rapport zu senger Hautfaarf, zu senger Regioun, zu senger sexueller Orientéierung. Zu sengem Handicap.

77 Joer nodeems de leschten Transport d'Pafemillen Direktioun Theresienstadt verlooss huet, sinn och zu Fünfbrunnen weider Tréine gefloss.