Et gouf iwwer den Avant-Projet de Loi, deen déi ominéis Policefichiere reglementéiert, debattéiert.

Den Avant-Projet de Loi, deen d'Policefichieren an Zukunft soll reglementéieren, déi jo virun engem Joer fir vill Opreegung an der Ëffentlechkeet gesuergt hunn, war e Mëttwoch de Moie Sujet an de Chamberkommissioune vun der bannenzeger Sécherheet an der Justiz. Queesch duerch d'Partei-Bänke war ee sech eens.

Avant-Projet de Loi Policefichieren / Annick Goerens

Besonnesch op de wesentleche Punkten, déi debattéiert goufen, nämlech den Archivage vun den Donnéeën, gouf et een Fraktiouns-iwwergräifenden Accord. An Zukunft soll et hei am Land wéi am franséische System gehandhaabt ginn, präziséiert de Laurent Mosar.

De gesäit vir, am Archivage, dass de Prinzip folgenden ass, dass all Acquittementen oder Non-Lieuxen erauskommen, ausser de Procureur ass der Meenung se missten dra bleiwen. An do ginn et sécherlech eng ganz Réi vu gudde Grënn firwat och mol muss eng Affär dra bleiwen. Ech denken do zum Beispill un Kannerschänner, awer och un Terrorismus, wou och iwwerhaapt keen e Problem huet, fir dass déi och nach iwwer den normalen Delai dra bleiwen.  
 
Et bleiwen awer nach e puer oppe Froen. Zum Beispill, wat d'Protectioun vun Mineuren ugeet. Aktuell kommen zum Beispill nach Fugen an d'Policefichieren stoen, also wann ee Jugendleche vun doheem fortleeft. Dat wär awer keng Strofdot a soll also net méi an den Text kommen. Een aner Punkt, op dem nach muss textuell geschafft ginn, si penal Sanktiounen, wéi de Policeminister François Bausch erkläert

„Den Ament gëtt et der schonn, mä dat geet eigentlech net wäit genuch. Dat Eenzegt, wat d'Suerg war vun eis, dat ass, dass mer net elo diskriminatoresch virginn, dat heescht, dass d'Police elo méi streng Reegele kritt, wéi aner Administratiounen, well dass jo net just d'Police, déi mat Datebanke schafft, an déi sech muss un d'Reegele vum Dateschutz halen. An dofir, mir hunn och als Ministère, an ech als Minister, iwwerhaapt kee Problem, au Contraire. Ech sinn der Meenung, et ass kee Kavaléiersdelikt wann een mat den Date liichtfankeg ëmgeet, also eigentlech den Dateschutz net respektéiert an ech deelen do d'Meenung vun der Oppositioun, dass mer dat solle méiglechst zolidd reglementéieren.“

Een anere Volet, deen ze kläre bleift, ass den vun der Honorabilitéit, also wou d'Antécédente kënnen iwwerpréift ginn. Sou hat d'Affär ronderëm d'Policefichieren jo ugefaangen, rappelléiert d'Justizministesch Sam Tanson.

„Dat heescht, mir mussen elo definéieren, op wéi eng Donnéeën kann zeréck gegraff ginn, wann een en Agrement kritt, sief et bei de Waffen, sief et fir Adoptioun oder fir Glécksspiller. An wou een dann och ka kucke wéi eng Donnéeë kënne gekuckt ginn, wann een een astellt, op verschiddene ganz spezifesche Funktiounen.“

Do soll et dann an Zukunft ee generellen Text gi fir d'Fonction publique, mä an all Ministère misst dann déi selwecht Aarbecht gemaach ginn, fir ze kucken, wou ee vläicht méi e verschäerfte Contrôle vun den Antécédente bräicht a wou et géing duergoen, den normale Casier ze kucken, sou nach d'Justizministesch. Spéitstens am September kéint een dann den Text vum Avant-Projet de Loi am Regierungsrot adoptéieren.

Dësen Avant-Projet de Loi kéint dann och d'Basis ginn, fir d'Justizfichieren, déi sougenannten "Jucha"-Fichieren, ze reglementéieren, erkläert nach d'Ministesch Sam Tanson. Mä do géing een nach ëmmer op den Avis waarde vun der Autorité de Contrôle judiciaire, dee wär an der Aarbecht. Et géing een hoffen, dass dee geschwënn do wär, fir dann déi nämlech Aarbecht um Niveau vun der Justice ze maachen, wéi um Niveau vun der Police, sou nach d'Justizministesch.