No 4 Baissen hannerteneen hunn d'Pëtrolspräisser nees ugezunn. Och de Präis vu frëschem Uebst ass méi deier ginn.

Wéi de Statec um Mëttwoch matdeelt ass d'Joresinflatioun am Juni vun 0,2 op 0,7% eropgaangen. Besonnesch d'Präisser vum Masutt sinn däitlech eropgaangen, mat enger Hausse vun 19,6%. Op der Pompel hunn d'Automobiliste missen 9% méi fir de Liter Bensin an 8% fir den Diesel bezuelen.

D'Liewensmëttelpräisser allgemeng stagnéieren, ma frëscht Uebst ass awer 4,8% méi deier ginn. Uganks Julo hat de Konsumenteschutz ausgesot, datt d'Liewensmëttel net méi deier gi sinn, mä et gouf méi consomméiert.

Bei den Zerwisser stellt de Statec fest, datt d'Präisser an der klenger Restauratioun a bei de Coifferen an Estheticienen eropgoungen, ëm 2,1%, respektiv 2%. Beim Internetaccès op där anerer Säit, gëtt eng Baisse vu 7,7% observéiert.

Extrait aus dem Communiqué / © STATEC