Den 112 mellt e Samschdeg Nomëtteg eng Rei Accidenter mat Blesséierten.

Am Lokalen mellt den 112 de Moie géint 11 Auer zu Esch op der Place des Liberateurs en Auto, dee gebrannt huet. Blesséiert gouf heibäi awer keen.

Am fréien Nomëtteg kruten sech op der Streck tëscht Esch-Sauer a Kauneref en Auto an e Quad ze paken, woubäi eng Persoun verwonnt gouf.

An ee Blesséierte gouf et och géint véierel op zwou, wéi p der Route du Vin zu Schwéidsbeng en Auto e Cyclist ugestouss huet.